Handbuch
D‘Memberen vun der EGMJ hu sech d’Fro no hirem Konsens gestallt, wat d’EGMJ an Zukunft fir si leeschte soll a wéi dës Leeschtungen sëcher gestallt ginn.
Jugendhaiser
37 Gestionnairen, déi Member an der EGMJ sinn, géréiren zesummen 69 Jugendhaiser a Jugendservicer. Hei fannt dir d'Adressen vun alle Jugendhaiser.
Kontakt
Wann dir eng Fro zur Aarbecht vun der EGMJ oder zum Wiese vun de Jugendhaiser hei am Land hutt, sti mir fir Iech als Uspriechpartner zur Verfügung.
Neisten Artikelen
Réckbléck Visite vun der marokkanescher Délégatioun Posted Dec 20, 2017 By simone.gruen
Den 13.12.2017 huet d’EGMJ mat der CGJL eng marokkanesch Délégatioun zu Lëtzebuerg begréisst, fir sech iwwer national Jugendaarbecht an d’Gestioun vu Jugendstrukturen auszetauschen. Hei e puer Impressiounen vun dësem Echange:
Réckbléck “Conseil supérieur de la Jeunesse” mam Här Minister Meisch Posted Dec 20, 2017 By simone.gruen
A senger Sétzung vum 1. Dezember 2017 huet de “Conseil supérieur de la Jeunesse” vum Educatiounsministère mam Här Minister Meisch dräi Avis’en diskutéiert, déi am Laaf vum Joer an Aarbechtsgruppen ausgeschafft gi sinn.
Folgend Sujet’en goufen traitéiert: Logement, Participatioun an Inklusioun.
2017_11_29 Avis 01 – Inclusion – Thématique de l’inclusion des jeunes en situation de handicap
2017_11_29 Avis 02 – Logement – Thématique logement pour les jeunes
2017_11_29 Avis 03 – Participation – Participation des jeunes dans les communes
Joeresofschloss vum Projet “Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes” Posted Dec 20, 2017 By simone.gruen
A Präsenz vum Comité de Pilotage mat de Partner an Ënnerstëtzer huet de Projet “Outreach Youth Work”, dee säit Januar 2016 vun der EGMJ zesumme mam Service Jeunesse vum Educatiounsministère géréiert gëtt, säi Joeresofschloss an de Schluss vun der Pilotphas gefeiert. Fannt hei e puer Impressiounen vun engem flotten Owend:
EGMJ sicht Verstäerkung: 1 Universitaire (m/w) ab Januar 2018 Posted Dec 12, 2017 By simone.gruen
Fir den Ausbau vun zwou Haaptmissioune vun der EGMJ siche mir ab Januar 2018 een Universitaire (m/w) als Verstäerkung vun der Equipe.
Fannt hei d’Annonce: Annonce EGMJ
EGMJ bei der Aweiung vum neie Jugendhaus zu Gréiwemaacher Posted Dec 07, 2017 By simone.gruen
An engem feierleche Kader an ass zu Gréiwemaacher d’Zéintscheier ageweit ginn, déi zukünfteg gréisstendeels der Jugend zur Verfügung gestallt gëtt.
Fannt hei e puer Andréck vum Programm a vum impressionante Gebäi:
































