Eischt Hëllef Cours: 10. an 13. Juli 2018 op der EGMJ Posted Abrëll 6, 2018 by simone.gruen

Off

Am Optrag vum Service Jeunesse vum MENJE organiséiert d’EGMJ en éischt Hëllef Cours (Cours d’initiation) fir JugendaarbechterInnen.

De Cours gëtt op lëtzebuergesch ofgehaalen, a fënnt um Siège vun der EGMJ statt.

Datum: 10. Juli an 13. Juli 2018

Durée: vun 9 bis 17 Auer

Formateur: en Instrukteur vun der Croix-Rouge luxembourgeoise

Et sollt ee sech w.e.g. esou schnell wéi méiglech umellen, am Fall wou de Grupp ze grouss gëtt, wäert en zweete Cours am Hierscht organiséiert ginn.