Off

Mir begréisse ganz häerzlech de Lucas am Team vun der EGMJ, deen d’Equipe vum 30.4. bis 8.6. am Kader vu sengem administrative Stage verstäerke wäert.

Hei stellt hien sech selwer vir:

Moien,

Ech sinn de Lucas Soave, Schüler aus dem Lycée Technique de Bonnevoie an ech wäert als Stagiaire vum 30. Abrëll bis den 8. Juni d’EGMJ ënnerstëtzen. Ech kommen aus enger 13eme Technicien Administrative et Commerciale an hunn wëlles bei der EGMJ vill Erfarung ze kréien a motivéiert matzeschaffe wärend der Stagezäit.

Mäin Grond fir wat dass ech bei d‘EGMJ komm sinn, ass well ech gären mat Jugendlechen a mengem Alter schaffen, a well déi Stageplaz ganz ofwiesslungsräich ass. Ech hoffen dass ech gutt Iddie mat era bréngen an der EGMJ hëllefe weiderzekommen.

Ech freeë mech fir eng gutt Relatioun opzebauen an eng gutt Zäit ze hunn.