Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes - Den Dachverband vun den Jugendhäiser
  • Accueil
  • Core Business
    • Wee si mir?
      • De Conseil d’Administration
      • D’Equipe
      • De Qualitéitsbeoptragten & Qualitéitszirkel
    • Eis Memberen
    • Eist Leitbild
    • Eis Missiounen
    • Contact
  • Jugendaarbecht
    • NEET-Konferenz
    • Formatioun: EU-Walen
    • Mini-Virmëttes-Seminairen
    • Digital Youth Work – Konferenz
  • Gestiounsaarbecht
    • Lerncoaching
    • Personalgestioun
    • Vademecum
    • Législatioun & Reglementatioun
  • Dokumenter
    • EGMJ-Dokumenter
  • Benevolat
  • Presse
Accueil
Core Business
    Wee si mir?
    De Conseil d'Administration
    D'Equipe
    De Qualitéitsbeoptragten & Qualitéitszirkel
    Eis Memberen
    Eist Leitbild
    Eis Missiounen
    Contact
Jugendaarbecht
    NEET-Konferenz
    Formatioun: EU-Walen
    Mini-Virmëttes-Seminairen
    Digital Youth Work – Konferenz
Gestiounsaarbecht
    Lerncoaching
    Personalgestioun
    Vademecum
    Législatioun & Reglementatioun
Dokumenter
    EGMJ-Dokumenter
Benevolat
Presse
Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes - Den Dachverband vun den Jugendhäiser
  • Accueil
  • Core Business
    • Wee si mir?
      • De Conseil d’Administration
      • D’Equipe
      • De Qualitéitsbeoptragten & Qualitéitszirkel
    • Eis Memberen
    • Eist Leitbild
    • Eis Missiounen
    • Contact
  • Jugendaarbecht
    • NEET-Konferenz
    • Formatioun: EU-Walen
    • Mini-Virmëttes-Seminairen
    • Digital Youth Work – Konferenz
  • Gestiounsaarbecht
    • Lerncoaching
    • Personalgestioun
    • Vademecum
    • Législatioun & Reglementatioun
  • Dokumenter
    • EGMJ-Dokumenter
  • Benevolat
  • Presse
Archive

Eis Aktualitéiten

28. März 2017

Offiziell Virstellung an Iwwerreechung vum VADEMECUM 3. Abrëll 2017 um 18h00 / Häerzlech Invitatioun un all d’Membere vun der EGMJ

2016 ass an engem kontinuéierleche Prozess vum EGMJ-Qualitéitszirkel ënnert der Leedung vun der Qualitéitsbeoptragt Fernande Klares, ausgoend vun der Members-Enquête duerch eist Virstandsmember Thérèse Michaelis, e VADEMECUM ausgeschafft ginn. De VADEMECUM ass ee praktesche Guide fir Träger vu Jugendstrukturen, den a Form vu Classeur eng Textsammlung spezifesch fir Gestiounswësse bereet hält.
D’Häerzstéck bilt dat vun der EGMJ mam Qualitéitszirkel ausgeschaffte Kapitel iwwer de Personalmanagement. Op eng onkomplizéiert Manéier ginn dem Träger Inhalter vum Personalmanagement, wéi och konkret Outil’en fir seng praktesch Ëmsetzung nobruecht.

Weider Kapitele sinn:
– Introduktioun mat Resultater vun de Selbstevaluatioune vun den Träger vu Jugendhaiser an den Telefonsinterviews mat laangjäregem Jugendhaus-Personal
– relevant Gesetzer
– administrativ Prozedure vum Jugendhaus
– Kollektivvertrag
an et ass Plaz virgesi fir eegen Dokumenter.

D’Team, de Verwaltungsrot an de Qualitéitszirkel si frou, iech heimat déi offiziell Virstellung an Iwwerreechung kënnen unzekënnegen, déi den 3. Abrëll um 18h00 an engem feierleche Kader a mat geluedener Press stattfanne wäert. D’EGMJ ass ganz frou, domat eng weider konkret Moossnam unhand vun de Resultater vun der Members-Enquête kënnen ëmzesetzen. Am Kader vun der EGMJ-interner Qualitéitssécherung ass dat ee weidere Schrëtt fir op d’Besoin’en vun hire Memberen anzegoen.
W.e.g. notéiert iech den 3.4.2017 um 18 Auer am Konferenzsall vun der EGMJ. Mir freeën eis elo schonn op är Participatioun!

Share:
27. März 2017

Réckbléck GENERALVERSAMMLUNG: 10 Joer Nordstadjugend a.s.b.l., Dënschdeg, den 21. Mäerz 2017

No der Begréissung vum President, Maurice Losch, an dem Aktivitéitsbericht vun 2016, huet d’Equipe vun den Educateuren hire Programm vun 2017 virgestallt.

No 16 Joer luewenswäertem Asaz vum Lopes Joana, gouf hatt geéiert an huet Blumme vum President iwwerreecht kritt. Virun 10 Joer hunn di 2 ASBLë vun de Jugendhaiser Diekirch an Ettelbréck fusionéiert ënnert dem Numm Nordstadjugend asbl an dat war Grond genuch fir ee festleche Gebuertsdagspatt am schéine Kader vum Festsall vun der Stad Ettelbréck mat Kuch ze offréieren. Wéi de President d’Käerze vum Kuch ausgeblosen huet gesitt dir op de Fotoen hei ënnendrënner:

Share:

Réckbléck Assemblée Générale vun der „Schëtter Jugendhaus a.s.b.l.“: Dënschdeg, den 21. Mäerz 2017

A Präsenz vum Buergermeeschter Jean-Pierre KAUFFMANN, dem Schäffe Victor BACK, dem ASBLs-Comité an der Educateurséquipe huet d’ASBL vum Schëtter Jugendhaus Dënschdeg Owend hir Generalversammlung ënnert der Leedung vum Präsident Robert HUTMACHER ofgehaalen. Fannt hei e puer Fotoen vum Owend, bei dem en turbulent Joer 2016 ofgeschloss an e grousse Programm fir 2017 virgestallt gouf:

Share:
24. März 2017

„Pose de pierre“ vum neie Jugendhaus Foussbann zu Differdange

E Freideg de 17te Mäerz, a Präsenz vum Erzéiungsminister Claude Meisch, dem Buergermeeschter Roberto Traversini, dem Schäffen-a Gemengerot, de JugendaarbechterInnen aus de Jugendhaiser an hire Comitésmemberen, den Architekten an Ingenieuren, a virun allem a Präsenz vun de Jonken, hunn d’Stad an de Jugendtreff Déifferdang ageluede, fir um Site vum alen AS Differdange Terrain am Fuussbann, de Start ze gi fir de Bau vun engem neie Jugendhaus.

Dëst Jugendhaus ass net nëmme FIR déi Jonk mee virun allem MAT deene Jonken zesumme gestalt ginn. Si hunn sech reegelméisseg op Workshoppe gesi fir hien Iddien auszetauschen, an dorausser entsteet elo eng multifunktionell Hall, wou een op 1200 m2 divers Aktivitéite wéi Skateboard fueren oder Indoor Foussball spille kann.

All déi Bedeelegt hunn hier Begeeschterung fir dëse Bau gedeelt a freeën sech op d’Aweiung déi am September 2017 soll stattfannen.

Fannt hei e puer Impressioune vun der feierlecher „Pose de pierre“ vun der MJ Foussbann Differdange:

Share:
21. März 2017

Réckbléck Assemblée Générale vun der Jugendkonferenz: 17/3/2017

Freideg, de 17. Mäerz 2017 huet am flotte Kader vun der Maison de l’Europe d’AG vun der CGJL stattfond.

No enger Introductioun vun der Madame Yuriko BACKES, Chef de la Représentation de la Commission européeenne au Luxembourg, huet d’Präsidentin Djuna BERNARD a Präsenz vun de Memberen, dem Team an den Invité’en d’Generalversammlung geleet.

Fannt hei e puer Impressiounen vum Owend:

 

Share:
Page 1 of 51234»...Last »

Neiste Beiträg

  • Deklaréiere vun ären „bénéficiaires effectifs“ beim Register bis den 31. August 2019
  • Aktivitéitebericht 2018
  • Visitt vun den EU-Institutiounen zu Bréissel
  • « No risk no fun – Risikokompetenz in der Jugendarbeit »
  • Assemblée Générale 2019

Archiv

  • August 2019
  • Juni 2019
  • April 2019
  • März 2019
  • Februar 2019
  • Januar 2019
  • Dezember 2018
  • Oktober 2018
  • September 2018
  • August 2018
  • Juli 2018
  • Juni 2018
  • Mai 2018
  • April 2018
  • März 2018
  • Februar 2018
  • Januar 2018
  • Dezember 2017
  • November 2017
  • Oktober 2017
  • September 2017
  • August 2017
  • Juli 2017
  • Mai 2017
  • April 2017
  • März 2017
  • Februar 2017
  • Januar 2017
  • Dezember 2016
  • November 2016
  • Oktober 2016
  • September 2016
  • August 2016
  • Juli 2016
  • Juni 2016
  • Mai 2016
  • April 2016
  • März 2016
  • Februar 2016
  • Januar 2016

© 2018 EGMJ
 Contact
En poursuivant votre navigation vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur. En savoir plus! Ne plus affiche ce message