Qualitéitsbeoptragten & Qualitéitszirkel

Hei eng Kuerzvirstellung vun eisem neien bénévolen Qualitéitsbeoptragen (säit dem 25. Abrëll), Här Marc Seiler:

Mäin Numm ass Marc Seiler, sinn de 4 November 1966 hei zou Lëtzebuerg gebueren. Ech hunn ee Schoulofschloss (Fachabitur) als Comptabel gemaach. No menger Schoulzäit hunn ech bei Villeroy & Boch am Rollengergronn ugefaange mat schaffen. Iwwer Logistik sinn ech an de Akaf komm, wou ech all Zort vun technesche Material kaaft hunn.

Ech hunn bei Villeroy & Boch am Rollengergronn geschafft bis se 2009 duerch de leeschte vu 4 Sozialpläng Produktioun zou Lëtzebuerg vu Dëschkultur agestallt hunn.

Nom Sozialplang hunn ech kuerz bei Objektiv Plein Emploi (OPE) 2011-2012 am Departement vun de Responsabilitéit Social d’Entreprise (RSE) als Concepteur-Coordinateur de Formatioun geschafft. Déi hunn 2012 zougemaach.

Nieft mengem Schoulofschloss, a Weiderbildungen an de Beräicher Responsabilitéit Entreprise, Gestioun vun de Qualitéit hunn ech mech och ëmmer vir Thema Santé et Bien-Etre op de Aarbecht interesséiert.

Dono huet meng Gesondheet et net méi sou Besonnesches mat mä gemengt. Dorops hin hunn ech meng Invaliderent krut.

Mäin soziaalt Engagement :

Laang Jore Personaldelegéierte vum OGBL bei Villeroy & Boch, schléit mäin politesch Häerz méi lenks. Sozial hunn ech mech ëmmer fir Wuelbefanne vu menge Matmënschen agesat.

Wéi sinn ech bei d‘EGMJ komm :

Ech si Member vum CA vu Graffiti a.s.b.l.. Am aktuelle CA sinn ech de Sekretär, a säit 3 Joer och de Representant vu Graffiti a.s.b.l bei de EGMJ.

Graffiti a.s.b.l funktionéiert wéi e Jugendhaus, dofir si mir Member an de EGMJ.

Meng Hobbyen :

Ech hunn en ganz Réi verschidden Hobbyen ; liesen a reesen, goud iessen a flott Musek lauschteren, Videofilme mat dem Smartphone maachen, Radio och.

Armel Josselin (MJC Bettembourg), Jacquie Hueber (Jugendhaus Betzder), Jérôme Mailliet (EGMJ), , Annie Loschetter (Commune de Mondorf), Brigitte Ley (Schëtter Jugendhaus),
Thérèse Michaelis (Jugendhaus Rëmeleng), Elly Reideng (Jugend- a Multimediahaus Nidderaanwen), Simone Grün (EGMJ), Marc Seiler (Graffiti)
,

Nicht auf dem Foto: Marc Pletsch (Jugendtreff Käl Téiteng), Franz Bittner (EVEA), Martine Goetz (CRIJE Esch),