Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes - Den Dachverband vun den Jugendhäiser
  • Accueil
  • Core Business
    • Wee si mir?
      • De Conseil d’Administration
      • D’Equipe
      • De Qualitéitsbeoptragten & Qualitéitszirkel
    • Eis Memberen
    • Eist Leitbild
    • Eis Missiounen
    • Contact
  • Jugendaarbecht
    • NEET-Konferenz
    • Formatioun: EU-Walen
    • Mini-Virmëttes-Seminairen
    • Digital Youth Work – Konferenz
  • Gestiounsaarbecht
    • Lerncoaching
    • Personalgestioun
    • Vademecum
    • Législatioun & Reglementatioun
  • Dokumenter
    • EGMJ-Dokumenter
  • Benevolat
  • Presse
Accueil
Core Business
    Wee si mir?
    De Conseil d'Administration
    D'Equipe
    De Qualitéitsbeoptragten & Qualitéitszirkel
    Eis Memberen
    Eist Leitbild
    Eis Missiounen
    Contact
Jugendaarbecht
    NEET-Konferenz
    Formatioun: EU-Walen
    Mini-Virmëttes-Seminairen
    Digital Youth Work – Konferenz
Gestiounsaarbecht
    Lerncoaching
    Personalgestioun
    Vademecum
    Législatioun & Reglementatioun
Dokumenter
    EGMJ-Dokumenter
Benevolat
Presse
Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes - Den Dachverband vun den Jugendhäiser
  • Accueil
  • Core Business
    • Wee si mir?
      • De Conseil d’Administration
      • D’Equipe
      • De Qualitéitsbeoptragten & Qualitéitszirkel
    • Eis Memberen
    • Eist Leitbild
    • Eis Missiounen
    • Contact
  • Jugendaarbecht
    • NEET-Konferenz
    • Formatioun: EU-Walen
    • Mini-Virmëttes-Seminairen
    • Digital Youth Work – Konferenz
  • Gestiounsaarbecht
    • Lerncoaching
    • Personalgestioun
    • Vademecum
    • Législatioun & Reglementatioun
  • Dokumenter
    • EGMJ-Dokumenter
  • Benevolat
  • Presse
Archive

Eis Aktualitéiten

7. Juni 2018

Réckbléck: Assemblée Générale vun der EGMJ vum 17. Mee 2018

Fannt hei e puer Impressioune vun der leschter Generalversammlung vun der EGMJ, déi de 17. Mee 2018 a Präsenz vun insgesamt knapp 60 Leit, haaptsächlech Vertriederinnen a Vertrieder vun ASBL’en, déi Member an der EGMJ sinn.

Niewent der viller Aarbecht, déi präsentéiert gouf an déi vun alle Bedeelegten mat Freed am Laaf vum Virjoer geleescht gouf, goufen et verschidden Neiegkeeten um Niveau vun der EGMJ selwer:

– No Reflexioun um Niveau vum CA an enger super Présentatioun vum Här Direkter Georges Andrade, huet d’AG décidéiert, fir Member an der Wunnéngshëllef asbl ze ginn
– D’Vize-Präsidentin Madame Brigitte Ley huet de Memberen d’Zukunftsvisioune vun der EGMJ virgestallt, déi sech op den neie Missiounen, déi mam MENJE ausgeschafft goufen a vun der Administratrice Madame Thérèse Michaelis virgestallt goufen, baséieren: d’EGMJ als Zentrum fir Jugendstrukturen
– D’EGMJ huet 2 nei Jugendstrukturen als Member opgeholl: Mérite Jeunesse an Anonym Glécksspiller asbl
– No laangjäereger Zesummenaarbecht am Kader vum Conseil d’Administratioun hu sech folgend Memberen verabschied: M. Roger Faber, M. Guy Antony, M. Fernand Sauer, M. Jeff Gangler.    D’EGMJ seet hinnen e GANZ DECKE MERCI fir hirt Engagement a wënscht hinnen fir d’Zukunft alles Léiwes a Guddes!
– Am Conseil d’Administratioun si 4 nei Memberen opgeholl ginn: Mme Martine Goetz, Mme Caroll Kremer, M. Nico Meisch, M. Ben Wagener

An der uschléissender Versammlung vum neien CA sinn d’Poste folgendermoossen opgedeelt ginn:

Präsident: Mme Brigitte Ley, Schëtter Jugendhaus asbl
Vize-Präsident: Mme Thérèse Michaelis, Jugendhaus Rëmeleng asbl & M. Laurent Hurt, CRIAJ Grevenmacher asbl
Trésorier: M. Alain Cornély, Jugendtreff SABA asbl, Jugendtreff Déifferdang asbl
Sekretär: Mme Kätt Jezek, Générations 2000 asbl

Administrateur:

Mme Martine Goetz, CRIJE Esch asbl
Mme Caroll Kremer, Inter-Actions asbl
M. Nico Meisch, Zentrum fir politesch Bildung
M. Franz Bittner, EVEA asbl

Share:

Impressiounen vun der SNJ Konferenz iwwer de Volontariat an der Groussregioun vum 28. Mee 2018

A Präsenz vu Participanten aus de 4 Partnerlänner vun der Groussregioun huet d’Konferenz mat Echange iwwer déi nei Form vu Volontariat an der Groussregioun am Jugendzenter Mariendall stattfond. Fannt hei e puer Fotoen vun dësem informativen Dag:

Share:

Réckbléck: Konferenz Outreach Youth Work mat Virstellung vun der Projets-Evaluatioun vun der Universitéit Luxembourg, 4. Juni 2018

A Präsenz vun Här Minister Meisch huet Meindeg, de 4.6.2018 d’Ofschlosskonferenz vum Pilotprojet „Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes“ stattfond, bei der d’Universitéit d’Resultater vun hirer Evaluatioun, déi iwwer déi ganz Projetslaafzäit stattfond huet, präsentéiert huet.

Déi nei Präsidentin vun der EGMJ, Madame Brigitte Ley, an déi nei Vize-Präsidentin, Madame Thérèse Michaelis, hunn an hire Beiträg de Projet nach eng Kéier Revue passéiere gelooss.

Am Kader vun enger interessanter Table Ronde hu 5 Inivité’en a wichteg Partner vum Projet d’Geschicht dovunner, d’Zukunft an d’Situatioun vu jonke Leit an enger NEET-Situatioun diskutéiert.

Flott ass, datt „Outrech Youth Work“ entretemps als eegestänneg Form vu Jugendaarbecht an de Jugendsekteur integréiert gouf.

Fir Jugendhäiser a Gemengen, déi méi doriwwer wësse wëllen oder „Outreach Youth Work“ bei sech implementéiere wëllen steet d’EGMJ gären zur Verfügung.

Fannt hei e klénge visuelle Réckbléck vun der gelongener Veranstaltung.

D’EGMJ seet dem Service Jeunesse vum MENJE an dem europäesche Sozialfond esou wéi all de Partner vum Projet ee GROUSSE MERCI fir déi gutt Zesummenaarbecht, ouni déi d’Resultater net esou gutt hätten ausfaale kënnen!

Share:

Save the date: Feier vum 25. Gebuertsdag vun der EGMJ de 5. Juli 2018 um 17 Auer

Share:

Neiste Beiträg

  • Deklaréiere vun ären „bénéficiaires effectifs“ beim Register bis den 31. August 2019
  • Aktivitéitebericht 2018
  • Visitt vun den EU-Institutiounen zu Bréissel
  • « No risk no fun – Risikokompetenz in der Jugendarbeit »
  • Assemblée Générale 2019

Archiv

  • August 2019
  • Juni 2019
  • April 2019
  • März 2019
  • Februar 2019
  • Januar 2019
  • Dezember 2018
  • Oktober 2018
  • September 2018
  • August 2018
  • Juli 2018
  • Juni 2018
  • Mai 2018
  • April 2018
  • März 2018
  • Februar 2018
  • Januar 2018
  • Dezember 2017
  • November 2017
  • Oktober 2017
  • September 2017
  • August 2017
  • Juli 2017
  • Mai 2017
  • April 2017
  • März 2017
  • Februar 2017
  • Januar 2017
  • Dezember 2016
  • November 2016
  • Oktober 2016
  • September 2016
  • August 2016
  • Juli 2016
  • Juni 2016
  • Mai 2016
  • April 2016
  • März 2016
  • Februar 2016
  • Januar 2016

© 2018 EGMJ
 Contact
En poursuivant votre navigation vous acceptez que des cookies soient utilisés afin d’améliorer votre expérience utilisateur. En savoir plus! Ne plus affiche ce message