Digital Youth Work – Konferenz
Am Hibléck op d‘Virbereedunge vun der internationaler Konferenz « Digital Youth Work » déi vum 14. bis 17. Januar 2020 zesumme mat Bee Secure organiséiert gëtt, huet d’EGMJ zwee Questionnairen erstallt, fir méi genee op déi spezifesch Virstellungen an Erfarunge vu Professionellen aus der Jugendaarbecht, sou wéi op déi digital Liewensrealitéit vu Jonken anzegoen.
De Questionnaire fir d’JugendaarbechterInne fannt dir hei:
https://www.surveymonkey.com/r/YWC5S92
De Questionnaire fir déi Jonk fannt dir hei :
https://www.surveymonkey.com/r/YMYQLMQ
En plus besteet op der Konferenz d’Méiglechkeet är eege Projeten, Initiativen an Aktivitéiten am Hibléck op d’Digitaliséierung an der Jugendaarbecht am Kader vun enger Foire virzestellen.
Wann dir also innovativ an interessant Best-Practice-Beispiller hutt, dann huelt gäre Kontakt op mam Service Stratégie vun der EGMJ ënnert: strategie@egmj.lu
Mir soen iech elo schonn ee ganz grousse Merci

