Jugendaarbecht

Offen an thematesch Jugendaarbecht si gemeinsam Charakteristike vun der Aarbecht vun allen Membere vun der EGMJ. De Contenu ergëtt sech aus den individuelle Besoine vun de Jonken, sou wéi aus de jugendpoliteschen Ziler op europäeschem, nationalem a lokalem Niveau.

De Public Cible besteet awer net nëmmen aus Jonken, déi schonn eng Jugendstruktur opsichen, mee och aus Jugendlechen, déi eréischt fir déi villfälteg Offeren a Méiglechkeete vun der (Offener) Jugendaarbecht motivéiert musse ginn.

De gemeinsame Kader besteet aus jugendpolitesche Prioritéiten, déi national an op europäeschem Niveau relevant sinn:

  • Vermëttlung vun demokratesche Wäerter (Citoyennetéit) a Promotioun vun ënnerschiddleche Forme vun der Participatioun
  • Fërderung vun Integratioun a Inclusioun duerch Léierprozesser, déi positiv Auswierkungen op d’Entwécklung vu perséinlechen, sozialen a kulturelle Kompetenze vu jonke Leit hunn

Ënnert dësem Onglet fannt Dir Projeten, Aktiounen an Offeren, déi vun der EGMJ an hire Memberen am Hibléck op déi jugendlech Zilgrupp ugebuede ginn.