Mini-Virmëttes-Seminairen

Infos an Umeldung op: seminaire@egmj.lu

1. Wéi kéint ech mam Fëmmen ophaalen ?

Mëttwoch, den 3. Abrëll 2019 vun 10-12 Auer

Zesumme mat der Fondation Cancer bidd d’EGMJ dëse Seminaire am Kader vun der betriblecher Gesondheetsförderung exklusiv fir Persounen déi selwer fëmmen un.
Et geet drëms, Motivatioun ze fannen, fir eng Kéier mam Fëmmen opzehalen. Ofschléissend wäert déi Thematik «Fëmmen am Jugendhaus / an der Jugendstruktur» am Kader vun der Gruppen-Diskussioun opgegraff ginn.
SPROOCH : lëtzebuergesch
Umeldung: bis den 31. Mäerz 2019

Flyer hei eroflueden

2. Wéi kann ech mäi perséinlecht Kriibsrisiko miniméieren ?

Dënschdeg, den 4. Juni 2019 vun 10-12 Auer

Zesumme mat der Fondation Cancer bidd d’EGMJ dëse Seminaire am Kader vun der betriblecher Gesondheetsförderung un.
Et geet drëms, sech iwwert seng perséinlech Liewensweis Gedanken ze maachen am Hibléck op déi eege Gesondheet.
Ofschléissend wäert am Kader vun der Gruppen-Diskussioun déi Thematik am Hibléck op d’Jugendaarbecht an der Jugendstruktur resp. am Jugendhaus opgegraff ginn.
SPROOCH: lëtzebuergesch

 

3. « No risk no fun – Risikokompetenz in der Jugendarbeit »

Donneschdeg, den 13. Juni 2019 vun 10-12 Auer
Zesumme mam CePT bidd d’EGMJ de Seminaire « No risk no fun – Risikokompetenz in der Jugendarbeit » un, mam Zil, fachlech an inhaltlech am Hibléck op eng suchtpräventiv Jugendaarbecht ze stäerken.
SPROOCH : lëtzebuergesch

4. Cannabis Legaliséierung

Donneschdeg, den 17. Oktober 2019 vun 10-12 Auer
Zesumme mam CePT bidd d’EGMJ de Seminaire « Cannabis Legaliséierung – eine Herausforderung für die Jugendarbeit » un, fir sech gemeinsam iwwer Jugendaarbecht no enger eventueller Legaliséierung vu Cannabis-Konsum auszetauschen. Zil ass et, mat de Jugendstrukturen Propositioune fir en Ëmgang mat der Thematik Cannabis an der Jugendaarbecht auszeschaffen.
SPROOCH : lëtzebuergesch

5. Gewaltpräventioun an de Jugendstrukturen

Freideg, den 22. November vun 10-12 Auer

Zesumme mat der Phoenix a.s.bl. bidd d’EGMJ dëse Seminaire am Kader vun der Gewaltpräventioun an de Jugendstrukturen un.
Inhaltlech geet et ëm eng gewaltpräventiv Approche an der Jugendaarbecht a wéi d’Stëmmung an der Jugendstrukur duerch d’Haltung vun der/dem JugendaarbechterIn beaflosst gëtt.
SPROOCH : lëtzebuergesch